Poppe mat rosa Kleeder just fir Meedercher an e Bau-Set just fir Bouwen - mat där Denkweis wëll een am US-Bundesstaat Kalifornien briechen.

Dacks sinn d'Offeren a Spillbutteker op e spezifescht Geschlecht ausgeriicht. Fir eng Alternativ soll en neit Gesetz suergen, dat 2024 a Kalifornien a Kraaft trëtt. An 3 Joer mussen nämlech d'Geschäfter, déi 500 oder méi Mataarbechter hunn, en eegene Rayon fir geschlechtsneutral Spillsaachen ubidden, also Spillsaachen, déi net fir ee bestëmmt Geschlecht entwéckelt goufen. Eng grouss Roll wäerten hei d'Faarwen an den Design spillen. Kleeder wäerten net concernéiert sinn, Fleegeproduite fir Kanner allerdéngs schonn.

"D'Trennung vu Spillsaachen ass e soziaalt Konstrukt, dat bestëmmt, wat fir ee Geschlecht adequat ass. Dat ass de Géigendeel vu modernem Denken", huet den US-Demokrat a kaliforneschen Deputéierten Evan Low ënnerstrach.