D’Angela Merkel gëtt fir hir laangjäreg politesch Verdéngschter ëm Europa mam renomméierte Karl-V.-Präis ausgezeechent.

Si kritt en Donneschdeg den Owend zu Madrid vum spuenesche Kinnek Felipe iwwerreecht. An der Begrënnung ass riets vun enger Verfechterin vum europäeschen Integratiounsprozess, deen d’Nach-Kanzlerin jorelaang duergestallt hätt.

A fréiere Jore krute schonn ënnert anerem den Helmut Kohl, de Jacques Delors, de José Manuel Barroso oder de Michail Gorbatschow de Präis, dee vun enger spuenescher Stëftung gestallt gëtt.