Bei engem Feier an engem Héichhaus vun 13 Stäck zu Koahsiung am Süde vum Land sinn an der Nuecht op en Donneschdeg Dosende Mënschen ëmkomm.

Wéi et vun de lokale Pompjeeë heescht, wieren op d'mannst 41 Persoune blesséiert ginn. D'Ursaache vum Brand sinn nach onkloer, Ermëttler schléisse Brandstëftung awer net aus.

D'Feier war wéi gesot an der Nuecht ausgebrach an huet sech op e puer Stäck ausgebreet, iert d'Pompjeeën et ënner Kontroll konnte bréngen. Déi meescht Doudesaffer gouf et op den ieweschte Stäck, an deenen déi meescht Wunnenge waren. Déi ënnescht 5 Stäck si fir den Handel reservéiert a stoungen eidel.

D'Gebai ass aus de 70er oder 80er Joren a gouf virun allem vu Locatairen mat engem nidderegen Akommes bewunnt. Vill eeler Gebaier entspriechen net ëmmer den Normen, obschonn d'Bauvirschrëften an Taiwan relativ streng sinn.