Dëst ass déi éischte Kéier, datt d'europäescht Parlament dës Auszeechnung verginn huet.

De Präis ass zu Éiere vun der maltesescher Investigativ-Journalistin Daphne Caruana Galizia, déi 2017 ëmbruecht gouf. D'Auszeechnung geet u Journalisten, déi sech mat de Wäerter a Prinzippie vun der Europäescher Unioun befaassen. En ass mat 20.000 Euro dotéiert. Iwwer 200 Journalisten aus de 27 EU-Länner waren an d'Course gaangen.

Ausgezeechent goufen d'Journaliste fir hir Aarbecht um „Pegasus-Projet". Dat ass eng Enquête vun engem Konsortium vun iwwer 80 Journalisten iwwert d'israelesch Pegasus-Spionagesoftware, mat där och Journalisten a Reporter ofgelauschtert goufen.