Bei enger Demonstratioun géint de Riichter, de sech mat der Explosiounskatastroph vu Beirut befaasst, koum et zu bluddegen Ausernanersetzungen.

Op d'mannst 6 Mënsche sinn erschoss ginn an eng 32 Persoune goufe blesséiert. Den Inneminister Bassam Maulawi huet Snipere fir d'Gewalt en Donneschdeg an der Haaptstad Beirut responsabel gemaach. Hien huet un den ziville Fridden appelléiert.

Déi schiitesch Beweegungen Hisbollah an Amal haten zu der Manifestatioun géint de Riichter Tarek Bitar opgeruff. Si wëllen d'Entloossung vum Riichter bewierken, dee mat der Ënnersichung vun der Explosioun am August 2020 am Hafe vu Beirut befaasst ginn ass.

Net wäit vum Justizpalais, bei deem sech honnerten Demonstrante versammelt haten, ware Schëss an Explosiounen ze héieren. D'Militär huet Panzer op d'Plaz geschéckt an de Quartier ofgespaart. D'Arméi huet iwwerdeems gewarnt, ze schéissen.

De 4. August 2020 waren am Hafe vu Beirut honnerten Tonne falsch gelagerten Ammoniumnitrat detonéiert. D'Explosioun huet de ganze Quartier an der libanesescher Haaptstad quasi komplett zerstéiert. Méi wéi 200 Mënsche koumen ëm d'Liewen. D'Regierung ëm den deemolege Ministerpresident Hassan Diab ass duerno zeréckgetrueden.

Bis ewell gouf nach kee wéinst dem Ongléck viru Geriicht gestallt. D'Fuerderung vu ville Libanesen, de Fall international z'ënnersichen, gouf vun den Autoritéiten ëmmer nees zeréckgewisen.