De Jong vum Affer konnt seng Mamm net méi erreechen an huet doropshin d'Police alarméiert.

An hirer Wunneng zu Adge am Süde vu Frankräich hunn d'Sécherheetsbeamten d'Läich du fonnt. Déi 77 Joer al Fra gouf gekäppt, hire Kapp soll um Kichendësch geleeën hunn, melle franséisch Medien.

Donieft hätt ee Kampfspueren an der Wunneng fonnt. Et géing bis ewell näischt drop hindeiten, dass een agebrach wier. Iwwert déi genee Ëmstänn vun der bluddeger Dot ass bis ewell näischt gewosst.