Eng Fra aus Rheinland-Pfalz gouf no der Flutkatastroph als vermësst gemellt. Hir Läich gouf virun e puer Wochen an Holland entdeckt.

Wéi et heescht, wier hiren doudege Kierper duerch de Rhäin bis op Rotterdam gedriwwe ginn. Dat huet e Spriecher vun der Police Koblenz e Freideg matgedeelt. Enn September ass et den Ermëttler gelongen, d'Fra duerch eng DNA-Prouf z'identifizéieren.

Nach 2 Persoune ginn zanter dem uergen Héichwaasser Mëtt Juli vermësst. D'Zuel vun den Doudesaffer a Rheinland-Pfalz läit bei iwwer 130. An Nordrhein-Westfalen sinn 48 Persounen ëm d'Liewe komm.