Bei engem Äerdbiewen op der indonesescher Insel Bali sinn e Samschdeg dräi Mënsche gestuerwen a siwe weiderer goufe blesséiert.

Wéi de Katastropheschutz matgedeelt huet, gëtt nom Äerdbiewen op Bali mat weideren Doudeger gerechent. Den Epizentrum vum Biewe vun der Stäerkt 4,8 louch nordëstlech vun der Stad Banjar Wanasari an enger relativ niddreger Déift vun zéng Kilometer.

"D'Biewe war fir knapp fënnef Sekonnen däitlech ze spieren", sou de Spriecher vun der Katastropheschutzautoritéit Abdul Muhari. Zwee Mënsche wiere bei engem duerch d'Biewen ausgeléisten Äerdrutsch am Bezierk Bangali ëm d'Liewe komm, ee weideren an der Hafestad Karangasem.