D'Grondsazaccorde vun SPD, Gréng an FDP fir d'Lancement vu Koalitiounsgespréicher hunn - wéi erwaart - ënnerschiddlech Reaktiounen ervirgeruff.

De fréieren Uniouns-Fraktiounschef Friedrich Merz huet de Koalitiouns-Pabeier "notabel" genannt. Den Armin Laschet sot, verschidde Punkten aus deem Dokument hätt och seng Partei kënne matdroen. De President vum Patronat Rainer Dulger kritiséiert dogéint, dass de Mindestloun an engem Joer scho soll op 12 Euro gehéicht ginn.

Dat wier en Agrëff an d'Tarif-Autonomie a géing eng Lounspiral no uewe provozéieren.