Als éischte Franséische President huet den Emmanuel Macron e Samschdeg un enger Gedenkzeremonie deelgeholl.

E Sonndeg ass de 60. Joresdag vum Massaker un Algerier zu Paräis. Zéngdausende Mënsche waren de 17. Oktober 1961, wärend dem algereschen Onofhängegkeetskrich, an der franséischer Haaptstad op d'Strooss gaangen. Si hu géint e Couvre-feu protestéiert, dee sech géint "moslemesch Algerier" geriicht huet. D'Demonstratioun gouf mat Gewalt vun der Police ënnerdréckt, vill Leit si gestuerwen an hir Läiche goufen zum Deel an d'Seine gehäit.

Bis haut ass net genee gewosst, wéi vill Affer et gouf. Vun offizieller Säit vun deemools huet et geheescht, 3 Leit wiere gestuerwen, ma Schätzunge ginn zum Deel vun enger 200 Doudesaffer aus. Den Immigratiounsgeschichtsmusée zu Paräis schwätzt vun der déidlechster Ënnerdréckung a Westeuropa zanter 1945. Algerien ass 1962 no 8 Joer Krich an Honnertdausenden Doudesaffer onofhängeg gi vun der Kolonialmuecht Frankräich.

Als éischte franséische President huet den Emmanuel Macron e Samschdeg un enger Gedenkfeier fir d'Affer vum Massaker zu Paräis 1961 deelgeholl. D'Dote vun deemools wieren en "onverzeilecht Verbrieche fir d'Republik", dat laang vertuscht gouf, sou de Macron no der Zeremonie am Elysée.

De Massaker gouf eréischt 2012 vum deemolege President Hollande iwwerhaapt offiziell unerkannt. Dem Macron, deen éischte President deen eréischt no der Kolonialzäit op d'Welt koum, seng Aussoe géinge vill méi wäit goen, wéi nach déi vum Hollande, sou d'Aschätzung vum Historiker Emmanuel Blanchard. Allerdéngs géing hie just dem deemolege Policechef Papon d'Responsabilitéit ginn, an net dem Premier Debré oder dem President de Gaulle. Doriwwer hu sech och Anti-Rassismus-Aktivisten enttäuscht gewisen.