De Brian Laundrie, deen zanter Woche vun den Autoritéite gesicht gouf, gouf och elo dout opfonnt.

De Laundrie war verdächtegt, seng Frëndin Gabby Petito wärend engem Roadtrip duerch d'USA ëmbruecht ze hunn. Hie war Ufank September eleng zeréck a Flordia gereest, wou d'Koppel gelieft huet, a seng Verloobte gouf Woche méi spéit dout an engem Nationalpark am US-Bundesstaat Wyoming fonnt, nodeem hir Famill d'Police alarméiert hat. D'Geriichtsmedezin hat uginn, datt si erwiergt gouf.

Dem 23 Joer ale Laundrie seng Läich gouf e Mëttwoch fonnt, dat huet d'FBI confirméiert. Duerch den Ofgläich vun den Zänn konnt een de Mann identifizéieren. Och de Kierper vum Verdächtege louch an engem Nationalpark, dat awer a Florida. An dësem Reservat liewe vill Alligatoren, Kojoten a Schlaangen.

De Fall Petito hat fir vill Opreegen an den USA awer och weltwäit gesuergt, well d'Koppel hire Roadtrip duerch d'USA komplett iwwert déi sozial Medie mat der Welt gedeelt hat.