Den Armin Laschet wëll de Méindeg säi Récktrëtt als Ministerpresident areechen. Dat beriichte verschidden däitsch Medien.

De Kanzlerkandidat Armin Laschet vun der CDU, déi jo bei de Walen an Däitschland staark ofgestrooft gouf, wëll dpa-Informatiounen no de Méindegmoie säi Récktrëtt als Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen areechen. Och d'"Bild"-Zeitung hat dat geschriwwen.

Nodeems hie säi Récktrëtt beim Landtagspresident areecht, wäert hien duerno senge Ministerinnen a Ministere perséinlech hir Entloossungspabeieren iwwerreechen, esou d'Berichter. Souwuel de Regierungschef wéi och seng Kabinettsmembere bleiwe fir d'éischt awer nach am Amt, ier deen neie Ministerpresident no senger Wal säin eegent Kabinett zesummestellt.

De Laschet trëtt den Dënschdeg de Moien säin Amt als Deputéierten am Bundestag un. Vun deem Moment u kann hien net méi Ministerpresident sinn.