Gutt ee Mount haten d'Fuerscher keng Aktivitéiten notéiert, elo späizt de Vulkan Ätna op italienescher Insel Sizilien nees Lava an Äschen.

E Samschdeg gouf an de fréie Moiesstonnen eng méi héich Aktivitéit gemooss, sou den nationalen Institut fir Geophysik a Vulkanologie (INGV). Op Twitter hu si Fotoe verëffentlecht, déi weise wéi Lava an Äschen aus dem Krater op der Süd-Ost-Säit kommen.

Plazeweis falen Äsche wéi Reen erof. D'Bauere schwätze vun engem Albdram, well d'Äsche vum Vulkan op de Felder e grousse Schued hannerléisst. Fir d'Mënschen si grad d'Äschen de gréisste Problem, well och de Fluchhafe betraff ass, deen doduerch säi Betrib schonn dacks huet misse stoppen.

Den iwwer 3.350 Meter héijen Ätna ass dëst Joer immens aktiv gewiescht. Zanter Mëtt Februar brécht e reegelméisseg aus, wat deels immens spektakulär ausgesäit.