D'Politikerin ass zanter 2014 Buergermeeschtesch vu Paräis.

D'franséisch Sozialisten hunn d'Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo offiziell als Kandidatin fir d'Presidentschaftswalen am Abrëll nominéiert.

Op dem Parteikongress zu Lille gouf déi 62 Joer al Fra als Kandidatin confirméiert. Viru gutt enger Woch hat se sech bei enger parteiinterner Ofstëmmung mat ronn 3/4 vun de Stëmmen duerchgesat.

D'Politikerin ass zanter 2014 Buergermeeschtesch vu Paräis. Als Walkampfthemen huet si ënnert anerem sozial Gerechtegkeet a Klimaschutz genannt. Si wéilt sech fir déi asëtzen, déi duerch d'Raster falen, Gewerkschafte stäerken an Loyeren deckelen.