An engem Gespréich mat dem amerikanesche Magasinn "US Weekly" hu sech Insider besuergt ëm de Gesondheetszoustand vun der 95 Joer aler Kinnigin gewisen.

Et géing eng "wuessend Panik an de kinnekleche Kreesser" ginn. "Esou onzerstéierbar wéi si och wierkt, d'Kinnigin ass och just ee Mënsch a kann net éiweg weidermaachen."

Eng zweet Source huet dem Magasinn gesot: "A Realitéit ass alles vill méi schlëmm, wéi et an der Ëffentlechkeet bekannt ass." De Prënz Harry wier am "Panikmodus", well hie wäit fort a Kalifornien ass. Hie géing "onënnerbrach" no senger Groussmamm froen.

D'Queen huet hier Visitt op der Cop26 nächst Woch zu Glasgow missen ofsoen. Schonn d'lescht Woch huet d'Queen eng Visitt an Nordirland missen annuléieren. Déi 95 Joer al brittesch Kinnigin gouf och fir eng Nuecht fir medezinesch Tester am Spidol gehalen.