Zu Catania gouf en 53 Joer ale Mann a sengem Auto vum Héichwaasser iwwerrascht.

Deeler vun der Stad sti komplett ënner Waasser a Bulli, plazeweis ass de Stroum ausgefall. Zanter dem Weekend stiermt a reent et ganz uerg iwwert dem Oste vu Sizilien an iwwer Kalabrien, un der italienescher Südspëtzt.