Zwee schwéier arméiert Männer waren e Samschdeg an de Prisong agedrongen an hunn den Detenue gehollef, fir sech aus dem Stëbs ze maachen.

Vu 734 Prisonéier ginn der 189 vermësst, dorënner och Schwéierverbriecher a Sexualverbriecher. Arméiert Attacken op Prisonge kommen an der fréierer belscher Kolonie méi dacks vir. Dacks sinn et Rebellegruppen oder Milizen, déi hir Membere wëlle befreien.