Dat schwedescht Parlament wäert e Mëttwoch d’Magdalena Andersson als nei Premierministesch designéieren.

D’Madgalena Andersson ass aktuell Finanzministerin fir d’Sozialdemokraten a wier déi éischt Fra, déi de Premierminister-Posten a Schwede géing besetzen. Si muss just nach déi Lénk iwwerzeegen, sou d’Agence France Presse.