Op d'mannst 46 Doudeger - dat ass de schroe Bilan no engem Bus-Accident a Bulgarien. Medieberichter no wieren ënnert den Affer och Kanner.

D'Ongléck war an der Nuecht op en Dënschdeg op enger Autobunn ronn 40 Kilometer vun der bulgarescher Haaptstad Sofia ewech geschitt.

Siwe Persoune konnte gerett ginn. Déi ronn 50 Leit an zwee Chauffeuren, déi am Bus souzen, sollen um Wee fir an Nord-Mazedonien gewiescht sinn. Ënnert de Passagéier waren och 12 Kanner.

Aus nach ongekläerter Ursaach hat de Bus d'Leitplanken ze pake kritt an huet sech iwwerschloen. No dem Accident ass de Bus a Flamen opgaangen. Ob de Bus villäicht scho virum Accident Feier kéint gefaangen hunn, muss elo nach gekläert ginn. Soss Detailer feelen nach.