An Däitschland hunn d'SPD, die Grüne an d'FDP e Mëttwoch ëm 15 Auer hire Koalitiounsvertrag virgestallt.

Koalitiounsaccord an Däitschland steet / Rep. Claire Schmartz

"Die Ampel steht" - zesumme mam Annalena Baerbock, Robert Habeck a Christian Lindner huet de Kanzlerkandidat Olaf Scholz e Mëttwoch de Mëtteg de Koalitiounsaccord vun der SPD, Grüne an FDP virgestallt. An den nächsten 10 Deeg, sollen d’Parteigremien dësen Text dann unhuelen an deem zoustëmmen. Déi 3 zukünfteg Regierungspartner hunn insistéiert, datt et keng Koalitioun vum klengste gemeinsamen Nenner wier.

Et hätt ee vill gestridden, ma dobäi wier ee sech eens ginn op e Programm, dee mam Status quo brécht an d’Land moderniséiert, sou den FDP-Chef Christian Lindner. D’Ampelkoalitioun géing weisen, datt ee Wuelstand a Klimaschutz ënnert een Hutt brénge kéint, sot de grénge Co-Chef Robert Habeck, a mam Programm wier een um richtege Wee, fir d’Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.

De Mindestloun gëtt op 12 Euro d’Stonn eropgesat, wat en Impakt op d’Paie vun 10 Millioune Leit huet. Den zukünftege Kanzler Olaf Scholz huet iwwerdeems annoncéiert, datt am Kanzleramt e permanente Corona-Krisestab fir d’Koordinatioun tëschent Bund a Länner anzeriichten. Doriwwer eraus sinn SPD, FDP a Grüne sech eens ginn, 1 Milliard Euro ze mobiliséieren, fir de Professionellen aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur wéinst der héijer Belaaschtung e Bonus ze bezuelen.

Den Olaf Scholz: "Die erste Verkehrsampel ist im Jahre 1924 in Berlin errichtet worden, am Potsdamer Plaz. Damals zunächst noch eine ungewöhnliche Technik. Kann das functionnieren?, haben die Leute skeptisch gefragt. Heute ist die Ampel nicht mehr weg zu denken, wenn es darum geht die Dinge klar zu regeln und für die richtige Orientierung zu sorgen und dafür dass alle zügig und sicher voran kommen. Mein Anspruch als Bundeskanzler ist es, dass diese Ampelbündnis eine ähnlich wegweisende Rolle für Deutschland spielen wird."

De Kanzlerkandidat Olaf Scholz vun der SPD

Den Olaf Scholz gëtt also nächsten däitsche Bundeskanzler, iwwerdeems d'FDP de Finanzministère kritt an d'Annalena Baerbock wuel déi éischt gréng an déi éischt weiblech Ausseministesch dierft ginn. Déi Gréng kréien iwwerdeems en neie Superministère, dee Wirtschaft, Klimaschutz an Energie vereent. D'Ampel géing weisen, datt ee Wuelstand a Klimaschutz zesummebrénge kéint, sot de Co-Chef vun de grénge Robert Habeck. Et hätt een driwwer gestridden, ob ee sech méi streng Ziler sollt setzen, wéi déi vun der GroKo, d'CO2-Emissioune bis 2030 ëm 65% ze reduzéieren, sou de Co-Chef vun de Grénge Robert Habeck.

Et hätt een awer decidéiert, sech net op Ziler, mee op Mesuren ze konzentréieren: "Solche Maßnahmen sind der Ausbau der erneuerbaren Energien auf 80%, Maßnahmen, dass der CO2-Preis der Zertifikate nicht unter 60 Euro fällt, was bedeutet dass der Kohleausstieg vorgezogen werden wird, dass die erneuerbaren Energien nicht mehr ein Zusatz sinn, sondern im öffentlichen Interesse stehen. Dass sie die Versorgungssicherheit zu tragen haben. Und nun haben wir nachgerechnet, und sehen, dass wir mit all den Maßnahmen, die wir beschlossen haben, über die 65% hinaus gegangen sind. Wir sind auf 1,5 Grad-Fahrt mit diesem Koaltionsvertrag."

De Robert Habeck iwwert de Klima ënnert der Ampel-Koalitioun

400.000 nei Wunnenge solle pro Joer gebaut ginn am Land, eleng 100.000 staatlech Wunnengen, fir sou dem Logementsproblem entgéintzewierken. Et gëtt generell och massiv an d’Moderniséierung investéiert.

Virdrun gouf awer ënnerstrach, dass d'Corona-Situatioun eescht wier an dass et elo nach eemol e puer schwéier Méint kéinte ginn.
D'Zil ass et, dem Olaf Scholz vun der SPD an der Woch vum 6. Dezember zum neie Bundeskanzler ze wielen, dat 8 Wochen no der Bundestagswalen.

Domadder léisen d'SPD, d'FDP an déi Gréng hiert Verspriechen an, fir nach viru Chrëschtdag ee Koalitiounsvertrag op d'Been ze stellen.

Wéi ntv mellt, géif feststoen, dass de Robert Habeck vun de Gréngen Vizekanzler gëtt, de Christian Lindner soll Vize vum Vizekanzler ginn a Finanzminister. D'Annalena Baerbock dogéint soll Ausseministerin ginn.