Déi schwiereg militäresch a politesch Lag an der Welt an déi verstäerkt Aktivitéite vun der Nato géingen eng "qualitativ Entwécklung" erfuerderen.

Dat huet de Verdeedegungsminister Sergej Schoigu e Mëttwoch an enger Ried viru Militärvertrieder betount.

Verschidden Nato-Länner haten dëse Mount wéinst verstäerkte russesche Militäraktivitéiten an der Géigend vun der Ukrain Alarm geschloen. D'USA weise sech besuergt iwwert eng nei Opstockung vun Truppen un der Grenz. Moskau huet allerdéngs zeréckgewisen, dass Russland eng Invasioun an der Ukrain virbereede géing.