D'Besatzung vun engem Boot vun der franséischer Marinn huet e Mëttwoch eng Rei Mënsche virun der Küst vu Calais am Waasser entdeckt.

Op d'mannst 31 Persoune sinn e Mëttwoch virun der Küst vu Calais ëm d'Liewe komm, nodeems hiert Boot gekentert war, dat huet déi franséisch Police matgedeelt. Dorënner 5 Fraen an e klengt Meedchen. De franséischen Inneministère hat an enger éischter Phas vun am Ganze 5 Doudege geschwat.

7.800 Leit goufe schonn dëst Joer aus dem Mier gerett. 12 Flüchtlinge koumen 2021 ëm d'Liewen oder gëllen als vermësst. D'Zuel vun de versichten Iwwerfaarten huet sech zanter August verduebelt, heescht et vun der zoustänneger Präfektur.
5 Leit goufe festgeholl.

De franséische President Macron huet zu enger Krisesëtzung op europäeschem Niveau opgeruff. D'Manche dierft net zu engem Kierfecht ginn.