E puer Stonnen no hirer Wal zu der éischter schwedescher Regierungscheffin huet d'Magdalena Anderssin hire Récktrëtt ugekënnegt.

Si hätt beim Parlamentspresident Andreas Norlén ëm hir Entloossung gebieden, géing awer ustriewen, fir nees Ministerpresidentin ze ginn, sou d'Sozialdemokratin e Mëttwoch zu Stockholm.

Virdrun haten déi Gréng am Sträit ëm eng Budgetspropos der Oppositioun ugekënnegt, d'Regierung ze verloossen.