Bei enger Attack mat enger Autosbomm an der Géigend vun enger Schoul sinn aacht Persounen ëm d'Liewe komm, eng Dose weiderer goufe blesséiert.

Wéi e Spriecher vun de Sécherheetsbeamten en Donneschdeg matgedeelt huet, wieren ënnert de 17 Blesséierten eelef Schüler. Déi islamistesch Schebab-Miliz reklaméiert d'Attack fir sech.

D'Zil vun der Attack war ugangs onkloer. D'Schebab-Miliz huet méi spéit erkläert, datt d'Attack "militäresche Formateuren" gegollt hätt. Aenzeien haten der Noriichtenagence AFP och matgedeelt, datt de Moment vun der Explosioun ee grousse Konvoi mat Truppe vun der Amisom-Missioun vun der Afrikanescher Unioun, déi géint d'Schebab-Miliz kämpft, duerch d'Gebitt gefuer wier.

Duerch d'Bomm waren dann d'Schoul an d'Gefierer, déi an der Géigend geparkt haten, schwéier beschiedegt ginn. Den Direkter vum Rettungsdéngscht Aamin zu Mogadischu huet iwwer Twitter Fotoe vun der Plaz verëffentlecht a vun enger "Tragedie" geschwat.

Déi mam Extremistennetzwierk Al-Kaida alliéiert Schebab-Miliz huet sech dann zum Uschlag bekannt. Eréischt e Samschdeg hat d'Miliz eng Selbstmordattack fir sech reklaméiert, bei där de renomméierte Journalist Abdiasis Mohammed Guled ëm d'Liewe komm war. D'Schebab-Miliz kontrolléiert grouss Deeler vum somaleschen Hannerland a kämpft géint déi international unerkannte Regierung zu Mogadischu, woubäi et ëmmer rëm Attacke gëtt.