No engem vun de schlëmmsten Onglécker an der Manche, bei deem op d'mannst 31 Flüchtlingen ëm d'Liewe komm sinn, gouf e 5. potentielle Passeur festgeholl.

Um Donneschdeg de Moien huet de franséische Premier Jean Castex déi responsabel Ministere convoquéiert, fir de Point ze maachen. Paräis a London weisen zanter laangen wéinst de Flüchtlingsbeweegungen op d'brittesch Insel géigesäiteg mam Fanger openeen. De brittesche Premier Boris Johnson fuerdert méi Zesummenaarbecht a méi streng Kontrollen op franséischer Säit.

Flüchtlingsdrama - De Reportage vum Claude Zeimetz

De Virfall géif weisen datt d'Mesurë vun de Fransouse bis elo net duer ginn, fir Migranten dovunner ofzehalen, via den Ärmelkanal ze probéieren a Groussbritannien ze kommen. Déi franséisch Säit reprochéiert London keng Verantwortung z'iwwerhuelen. Notamment bei de Passeuren. Den Inneminister Gerard Darmanin huet en Donnescheg de Moien um franséischen RTL denoncéiert, Paräis géif vun den anere Länner dacks am Stach gelooss ginn, fir géint déi kriminell Reseaue virzegoen, déi Flüchtlinge schleisen.

RTL

An de leschte Méint hunn dräi mol sou vill Leit wéi zejoert probéiert iwwert d'Manche illegal op déi brittesch Insel ze kommen. Méi wéi 25.700.
Verschidde Mënscherechtsorganisatiounen féieren déi vill Mouvementer op déi schwiereg Konditiounen zu Calais zeréck. Poliziste géifen d'Demandeurs d'asile "harceléieren" an d'Covidkris hätt déi humanitär Hëllef op der Plaz quasi onméiglech gemaach.

D'Johnson-Regierung hirersäits kritt vun der oppositioneller Labour-Partei reprochéiert eng "mënschefeindlech Politik" ze bedreiwen. Amplaz méi streng Asylgesetzer, misst d'Regierung human a sécher Weeër a Groussbritannien offréieren.

De franséische President Emmanuel Macron huet versprach, hie géif net zouloossen, datt d'Manche "e Kierfecht" gëtt a fuerdert, datt sech op europäeschem Niveau ënnerteneen ofgestëmmt gëtt. Wann d'Efforte géint d'Passeuren elo net direkt géife verstäerkt ginn, géifen et just weider Tragedie ginn.