Déi international Policeorganisatioun Interpol huet een neie President.

Mat 68,9 Prozent vun de Stëmme vun den Interpol-Memberlänner ass de Generolmajouer Ahmed Nasser al-Raisi aus de Vereenegten Arabeschen Emiraten gewielt ginn, wéi d'Organisatioun en Donneschdeg matgedeelt huet.

Ganz onëmstridden ass den Ahmed Nasser al-Raisi allerdéngs net. Ënnert anerem Mënscherechtsorganisatioune geheien dem neie President vir, als Chef vun der Sécherheetsleit vun den Emirater Regierungskritiker gefoltert ze hunn. Och de Britt Matthew Hedges huet de Kandidat kritiséiert. Hie wier op enger Studierees an de Vereenegten Emirater ënnert dem falsche Virworf vu Spionage festgeholl ginn a wier tëscht Mee an November 2018 am Prisong gefoltert ginn.

No senger Wal huet den Ahmed Nasser al-Rais, deen de Südkoreaner Kim Jong Yang um Posten ersetzt, op Twitter geschriwwen, hie wéilt eng "méi transparent, divers an decidéiert Organisatioun opbauen, déi sech fir d'Sécherheet vun allen asetzt." Ënnert senger Leedung wieren d'Emirater zu "engem vun de sécherste Länner op der Welt" ginn.

De Poste vum President vun Interpol ass gréisstendeels eng representativ Roll, de President gëtt all véier Joer nei gewielt. Trotzdeem hu Mënscherechtler Angscht, datt d'Wal vum Ahmed Nasser al-Raisi dem Image vun der Policeorganisatioun schuede kéint.

Déi Vereenegt Emirater hunn an de leschte Joren ëmmer nees vill Suen un Interpol gespent. D'Land gëtt beschëllegt, déi u sech onpolitesch Institutioun fir politesch Zwecker mëssbraucht ze hunn.