E Chauffeur, deen e Mëttwochnomëtteg Kleedercontainere wollt eidel maachen, huet bei senger Aarbecht een décke Schreck erlieft.

Amplaz vu Secondhand-Kleeder fir bedierfteg Leit, huet de Mann zu Eichsfeld an Nordthüringen an dräi verschiddene Containere jeeweils een doudegt Schof fonnt. D'Police ass op d'Plaz geruff ginn, d'Beamten hunn dunn hirersäits d'Veterinäramt involvéiert. Déi doudeg Déiere ginn elo ënnersicht.

Wou d'Déieren hier kommen a wéi se ëm d'Liewe komm sinn, bleift nach ze klären. Déi dräi betraffe Containere vun der Kleedersammlung sti viru Supermarchéen an d'Police sicht elo no Zeien, déi villäicht weider Informatiounen zu de Virfäll kënne liwweren.