Franséisch Fëscher wëllen dëse Freideg um Waasser den Accès op Häfen an u Land d'Entrée an den Tunnel fir de Wuerentransport ënnert der Manche blockéieren.

De Sträit ëm d'Fëschereirechter fir franséisch Fëscher a brittesche Gewässer geet an eng weider Ronn.

Dat fir Drock op d'Politik ze maachen endlech eng Solutioun fir de Sträit ëm d‘Reegelen nom Brexit ze fannen. Frankräich reprochéiert Groussbritannien sech net un de Post-Brexit-Accord ze halen a franséische Fëscher Lizenzen ze ginn, fir a brittesche Gewässer ze fëschen. Gläichzäiteg géife si awer vum Accès op den europäesche Marché profitéieren. Mat dëser Aktioun wëll een déi brittesch Bevëlkerung op dës Problematik opmierksam maachen.