Wärend de 60er a 70er Joren huet de Mann ëmmer nees Antiquitéiten aus Muséeë matgoe gelooss. E puer Joerzéngte méi spéit dreet him elo eng Prisongsstrof.

Vill Zäit muss de Mann aus Pennsylvania allerdéngs net a senger Zell verbréngen. Hie gouf zu engem Dag Prisong verurteelt. Am Juli hat hie seng Doten zouginn, elo muss hie mat de Konsequenze liewen. Nieft senger kuerzer Prisongsstrof gouf hien och zu 3 Joer Sursis, engem Joer Hausarrest, enger Geldstrof vu 25.000 Dollar an enger Entschiedegungszomm vun 23.385 Dollar verurteelt.

Ënnert anerem hat hien 1971 en antikt Gewier aus dem "Valley Forge State Park Museum" geklaut, dat 1775 vum Christian Oerter hiergestallt gouf. Et huet e Wäert vun iwwer 175.000 Dollar. An de meeschte Fäll hat hien antik Géigestänn gestuel, déi manner wéi 5.000 Dollar wäert sinn, wat awer erfuerderlech ass fir eng Uklo op Bundesniveau.

Den haut 78 Joer ale Mann, deen am Rollstull sëtzt, huet sech en Dënschdeg fir "dee ganzen Ierger" entschëllegt, deen hie verursaacht huet. Hie wier en "Sammler vun allméiglechen ale Géigestänn", sou säin Affekot. Profit wier ni säi Motiv gewiescht, huet et weider geheescht.