An enger feierlecher Zeremonie gouf en Donneschdeg déi bal 3 Kilometer laang Allee tëscht den Tempele vu Karnak a Luxor ageweit.

D'Sphinx-Allee aus der ägyptescher Mythologie, och bekannt ënnert dem Numm "Pad vun de Gëtter" oder "Widder-Strooss", geet op eng bal 3.500 Joer al Geschicht zeréck.

Mat der Reouverture vun dëser Allee erhofft sech Ägypten, den Tourismus nees unzekuerbelen. D'Tourismus-Branche ass mat 2 Millioune Mataarbechter fir iwwer 10% vum PIB verantwortlech. An de leschten 10 Joer huet d'Zuel vun de Visiteure staark ofgeholl. Schold dru sinn ënnert anerem déi politesch Turbulenzen duerch d'Arabescht Fréijoer 2011, d'Angscht virun Terrorattacken an d'Corona-Pandemie.

De Fräiliichtmusée ronderëm déi antik Stad Theben ass eng vun de beléiftsten touristeschen Destinatiounen an Ägypten. Virun ongeféier 3.400 Joer gouf d'Tempel-Anlag zu Luxor ënnert dem Pharao Amenhotep III. gebaut. De Karnak-Tempel, dee fir den anticke Sonnegott Amun-Ra erriicht gouf, ass virun 2.000 bis 4.000 Joer entstanen.