De 57 Joer ale liberalkonservative Fiala huet e Sonndeg säin Eed zu Prag ofgeluecht.

De President Milos Zeman souz hannert enger duerchsiichteger Oftrennung, well de 77 Joer ale Mann rezent positiv op de Coronavirus getest gouf. Hie war méi ewéi ee Mount laang am Spidol.

De neie Regierungschef Fiala, fréiere Professer fir Politikwëssenschaften, ass iwwerdeems groussen James-Bond-Fan, ewéi hien der Press sot.