Virum Rendez-vous dëse Méindeg zu Wien hu sech d'Vertrieder vun Däitschland, Frankräich a Groussbritannien besuergt gewisen.

Washington an Teheran hu ganz verschidden Erwaardungen.

2018 ware jo d’USA mam Donald Trump aus dem Ofkommes erausgeklommen. Zanterdeem hält den Iran sech un näischt méi a baut seng Atom-Aktivitéiten aus.

Zanter den Joe Biden US-President ass, sinn d’Diplomate prett fir ze verhandelen. Weder d’USA nach den Iran wollten awer den éischte Schrëtt maachen.

E Kompromëss soll gesicht ginn. Aus wirtschaftlecher Vue brauch den Iran d’Ofkommes.