Fir d'Dänzerin, Widderstandskämpferin a Biergerrechtlerin z'éieren, gëtt bei der Feier symbolesch e Sarg an déi fréier Kierch gedroen.

Et wier allerdéngs nëmmen eng symbolesch "Plënneraktioun" - d'Graf vun der 1975 verstuerwener Fra géif op Wonsch vun hirer Famill zu Monaco bleifen. Am Sarg, dee vun Zaldote vun der Loftwaff - zu deenen och d'Baker gehéiert huet - op de Schëllere gedroe gëtt, wier da Buedem vu véier Plazen dran, op deenen d'Josephine Baker gelieft huet. Am Pantheon géif si da mat enger Gedenktafel geéiert ginn an de franséische President Emmanuel Macron wëll bei der Zeremonie am Tempel eng Ried halen.

Fir déi éischt schwaarz Fra ze honoréieren, déi am Pantheon opgeholl gouf, hätt d'Empire State Building schonn e Méindeg den Owend an de Faarwe vu Frankräich geliicht. Bei enger Gedenkfeier um 86. Stack vum Gebai hätt de franséische Basketspiller Evan Fournier de "Mutt" vun der Josephine Baker gewierdegt, déi der franséischer Arméi bei hirem Widderstand géint d'Nazien hir Servicer ugebueden hat.

D'Josephine Baker ass an aarme Verhältnesser a Familljen zu Missouri opgewuess, huet als Mod geschafft an ass méi spéit als Dänzerin op Paräis komm. Hei hat si sëllegen Optrëtter, huet ugefaangen ze sangen an ass duerch hiert Bestietnis Fransousin ginn. Wärend dem Zweete Weltkrich huet si hire Status als Kënschtlerin genotzt, fir der franséischer Arméi vertraulech Informatiounen zouzespillen an huet dofir méi spéit militäresch Éiere krut.

Déi gebierteg Amerikanerin wier dann och als Kämpferin géint Rassismus an Erënnerung bliwwen. Si huet als eenzeg Fra dee selwechten Dag eng Ried gehalen, wéi de Martin Luther King 1963 seng berüümt Sätz "I have a dream" gesot huet. Donieft huet si mat hirem véierte Mann zwielef Kanner aus verschiddene Länner adoptéiert, och fir domat en Zeechen ze setzen, dass verschidde Kulture mateneen auskomme kënnen.

Hir Opnam am Pantheon wier "en Zeeche vun Hoffnung fir déi jonk Generatioun", sot hire Bouf Brian Bouillon Baker wärend der Zeremonie en Dënschdeg den Owend. "Ech wëll, datt meng Mamm net nëmmen als Kënschtlerin gesi gëtt, mä och als eng engagéiert Fra, déi alles ginn huet", huet seng Schwëster Marianne Zinzer ergänzt. "Ech hoffen, datt hire Message vun Toleranz an der Oppenheet fir anerer vun de Fransouse gehéiert gëtt", sou d'Marianne Zinzer weider.