Mat eegene Schëffer géint Liwwerengpäss: A Groussbritannien huelen zwou Supermarchéschaînen de Probleem elo selwer an d'Hand.

Groussbritannien leit den Ament ënnert Liwwerengpäss. Fir hiert Chrëschtdagsgeschäft net a Gefor ze bréngen, hu sech déi zwou brittesch Supermarchéschaînen "Asda" an "John Lewis" dozou entscheet, selwer Schëffer ze charteren, fir d'Produite mat Zäiten op d'Insel ze kréien.

Duerch d'Pandemie, de Brexit, e Schëffsstau viru britteschen Häfen an ee Manktem u qualifizéierte Camionschaufferen si vill Liwwerungen a Richtung Groussbritannien verspéit. Den Eenzelhandel huet doduerch op ville Plaze Probleemer, hire Stock gefëllt ze halen.