Mat engem gefälschten Aarm aus Silikon hat e Mann an Italien versicht ouni sech wierklech z'impfen un en Impfpass ze kommen.

"De Fall grenzt un d'Lächerlecht, wann et sech dobäi net ëm en Akt vun enormer Envergure géing handelen", sou de Chef vun der Regionalregierung vu Piemont, den Alberto Cirio. D'Medezinner hu sech net täusche gelooss, trotz dem ganz realisteschen Hauttoun vum Gummi-Aarm, deen de 50 Joer ale Mann hinnen dohinner gehalen huet.

Den Alberto Cirio bezeechent dës Aktioun als "inacceptabel am Hibléck vum Affer, dat déi ganz Gemeinschaft wärend der Pandemie a Form vu Mënscheliewen, sozialen a wirtschaftleche Käschten matbruecht huet".

Italien verschäerft vun ne Méindeg un nach emol d'Reegelen fir ongeimpfte Leit. Schonn am August muss ee bei engem Openthalt an engem Restaurant, Musée, Kino, Theater oder engem sportlechen Evenement e sougenannten "Green Pass" virweisen. E gëllt als Noweis fir eng iwwerstane Corona-Infektioun, eng Impfung oder en negatiivt Testresultat. Vum 6. Dezember kënnt nach den 2G a villen Ariichtungen dobäi.

Bal 85 Prozent vun den italienesche Bierger vun 12 Joer u si komplett geimpft. Och Booster-Impfunge sinn antëscht fir jiddereen an Italien disponibel.