Op hirem extraordinäre Parteidag hunn 98,8 Prozent vun den Delegéierten de Koalitiounsvertrag vun der Ampel accordéiert.

Doranner gëtt virun allem vill fir de Klimaschutz gemaach, et ass een Ëmbau vun der Wirtschaft geplangt, awer och Verbesserunge fir Leit, déi net vill verdéngen, fir Bierger, déi lounen a fir Familljen.

Virum Vott hat den designéierte Bundeskanzler Olaf Scholz an d‘Parteicheffe Saskia Esken an Norbert Walter-Borjans d‘Membere vun der SPD motivéiert, fir dësen historesche Koalitiounsvertrag ze stëmmen.