Nodeem schonn déi däitsch Sozialisten op hirem Parteidag de Koalitiounsvertrag vun der Ampel mat 98,8 Prozent ugeholl hunn, war et e Sonndeg un der FDP.

Déi Liberal hu mat 92,24 Prozent de Koalitiounsvertrag mat de Sozialisten an de Gréngen accordéiert. E Méindeg ass et dann nach um Tour vun de grénge Parteimemberen, fir iwwer de Vertrag ofzestëmmen.