Déi entmuechte Regierungscheffin Aung San Suu Kyi gouf vun engem Geriicht zu 4 Joer Prisong verurteelt.

Et geet ëm zwee Uklopunkten: Ustëftung zu Onrouen a Verletzung vun de Coronamesuren. Och den entmuechte President Win Myint ass wéinst de selwechten Uschëllegungen och zu 4 Joer Prisong verurteelt ginn.

RTL

Journaliste ware bei der Verhandlung um Geriicht zu Naypyidaw net zougelooss.

De Militärregime am Myanmar huet d'Strof vun der Aung San Suu Kyi nodréiglech vu 4 op 2 Joer erofgesat.