Ëmweltschützer protestéiere géint en neit Referendumsgesetz, wat et méi schwéier mécht, géint ëmweltschiedlech Projeten ze reklaméieren.

A Serbien waren de Weekend op en Neits dausende Mënschen op der Strooss. Brécken, Autobunnen a Stroosse goufe blockéiert. An der Kritik steet d'Politik vum President Aleksandar Vučić.