Nieft enger Dose Kadavere goufen 20 lieweg Kazen a schlechtem Zoustand am Haus vun engem 81 Joer ale Mann zu Nice fonnt.

Déi meescht doudeg Kaze louchen an hëlzene Këschten oder goufen a Plastik agepaakt. Donieft ass een och op Iwwerreschter vu Kaweechelcher a Rate gestouss, wéi och op e Gebëss vun engem Hond. Dat schreift déi franséisch Zeitung "Nice-Matin".

D'Niess vum Pensionär hat verschidden Déiereschutzorganisatiounen iwwert hir onerwaarten Decouverte informéiert, nodeems hire Monni an d'Spidol ageliwwert gouf. Wéi et heescht, wier hie süchteg duerno, Déieren ze sammelen.

Eng 20 lieweg Kaze goufen Déierendokteren a Fräiwëllegen uvertraut. D'Organisatioune plangen, eng Plainte wéinst Déierequälerei ze maachen.