Zu Tréier huet d'Police de Weekend en 32 Joer ale Lëtzebuerger festgeholl. Géint hie gouf et e Mandat d'arrêt wéinst Alkohol um Steier.

D'Geldstrof vu 1.400 Euro konnt de Mann sur Place bezuelen, dofir muss hien lo net 25 Deeg an de Prisong. Allerdéngs gouf beim Mann bei där Geleeënheet och Marihuana fonnt. Dowéinst gouf elo eng nees nei Strof-Prozedur géint de Mann lancéiert.