Den Olaf Scholz gouf e Mëttwoch am Bundestag zu Berlin offiziell gewielt. Dat mat 395 vun de 416 Stëmmen, déi d'Ampel-Koalitioun am Parlament huet.

Domadder ass d'Ära vum Angela Merkel no 16 Joer op en Enn gaangen. De Scholz ass dee véierten SPD-Politiker, dee Bundeskanzler gëtt. Dat nom Willy Brandt, Helmut Schmidt a Gerard Schröder. Hien steet un der Spëtzt vun der éischter däitscher Regierungskoalitioun tëscht SPD, Grüne an FDP.

Kanzlerwal am Bundestag

Nodeem hien op déi entspriechend Fro vun der Bundestagspresident Bärbel Bas geäntwert huet, datt hien d'Wiel unhëlt, gouf hien am Schlass Bellevue vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier mat engem Ernennungsakt zum Bundeskanzler ernimmt.

Géint 12 Auer gouf de Scholz am Bundestag vun der Bundestagspresidentin Bärbel Bas vereedegt. Dobäi huet hien op de Saz "So wahr mir Gott helfe" verzicht. Dat well hien aus der evangelescher Kierch ausgetrueden ass. Esou ass hien offiziell den néngten däitsche Kanzler.

Vereedegung Olaf Scholz

E Mëttwoch am Nomëtteg war dann déi offiziell "Passation des pouvoirs" am Kanzleramt tëscht Scholz a Merkel. D'Angela Merkel huet hirem Successeur eng glécklech Hand gewënscht.

Angela Merkel Passation des pouvoirs

Den neie Mann am Kanzleramt huet den Hutt virun der Aarbecht vu senger Virgängerin gezunn, déi an de leschte 16 Joer an och an enger Zäit vu ville Krise villes beweegt hätt. Dat hätt zesummegeschweesst.

Olaf Scholz éiert Aarbecht vu senger Virgängerin

Och déi nei Ministeren hunn am Laf vum Dag hir nei Ämter iwwerholl a goufe vereedegt. E Mëttwoch den Owend ass dann och schonn déi éischt Cabinetssëtzung geplangt. Mat der aktueller Coronakris ass den Ament ënnert anerem Krisegestioun ugesot.

Gratulatioune fir den neien däitsche Kanzler koumen ënnert anerem vu Bréissel a Moskau. De russesche President Vladimir Putin strieft, eegenen Aussoen no, "eng konstruktiv Relatioun" zu der neier Regierung un. Et géif een op Kontinuitéit setzen.

Héich Erwaardungen un den neie Bundeskanzler

No der Wiel vum Olaf Scholz zum neie Bundeskanzler sinn d'Erwaardungen un déi zukünfteg Bundesregierung héich. Den Däitschen Industrie- an Handelskummerdag (DIHK) fuerdert an den Zeitunge vun der Funke-Mediengruppe  eng "séier" Entlaaschtung fir Entreprisen an Zäite vun der Pandemie. Gewerkschaften an Ëmweltverbänn fuerderen detailléiert Pläng fir Investitiounen an den Aarbechtsmarché an an de Klimaschutz.

7x SPD, 5x Grüne, 4x FDP

D'SPD hat d'Walen de 26. September gewonnen a war mat 25,7 Prozent stäerkst Kraaft virun der CDU/CSU (24,1 Prozent) ginn. Reng rechneresch hätt d'Unioun mat dësem Resultat och een Jamaika-Bündnis mat Grünen an FDP uféiere kënnen. Déi zwou méi kleng Parteien hu sech awer fir Koalitiounsverhandlunge mat der SPD decidéiert. En Dënschdeg haten déi dräi Parteien de Koalitiounsvertrag dunn ënnerschriwwen.

An der neier Regierung stellt d'SPD siwe Ministerinnen a Ministeren: Wolfgang Schmidt (Kanzleramtchef), Karl Lauterbach (Gesondheet), Hubertus Heil (Aarbecht a Soziales), Nancy Faeser (Inneministesch), Christine Lambrecht (Verdeedegung), Klara Geywitz (Bau) und Svenja Schulze (Entwécklung).

Fir déi Gréng zéien d'Annalena Baerbock (Ausseministesch), de Robert Habeck (Wirtschaft a Klimaschutz), d'Anne Spiegel (Famill), Steffi Lemke (Ëmwelt) an Cem Özdemir (Landwirtschaft) an d'Regierung an. Den Habeck ass och Vizekanzler. D'Membere vun der FDP sinn de Christian Lindner (Finanzen), de Volker Wissing (Verkéier), de Marco Buschmann (Justiz) an d'Bettina Stark-Watzinger (Bildung).

Fuerderung vu JDL, d’JSL an déi jonk Gréng u Lëtzebuerger Regierung

An deem Kader hunn d’Jugendparteie vun der Lëtzebuerger Regierung e Mëttwoch de Moien e gemeinsame Communiqué gemaach. Déi nei 3er-Koalitioun zu Berlin wäert jo eng Nei-Ausriichtung vun der Drogepolitik ustriewen. Eng kontrolléiert Cannabis-Politik soll agefouert ginn.

D’JDL, d’JSL an déi jonk Gréng fuerderen d'Lëtzebuerger Regierung op, sech mat der neier däitscher Regierung a Verbindung ze setzen, fir sech ofzestëmmen. Schliisslech wéilt och de Grand-Duché zum Deel op dee Wee goen, an dat Ganzt soll och bis Enn vun dëser Legislaturperiod duerch sinn, sou déi 3 Jugendsektiounen.

Den Olaf Scholz am Porträt - eng Korrespondenz vu Berlin vum Claire Schmartz

Den Olaf Scholz ass de zanter e Mëttwoch den neien däitsche Bundeskanzler. De Sozialdemokrat huet eppes fäerdeg bruecht, woumat virun e puer Méint nach kee gerechent hat. D’SPD krut dëst Joer bei der Bundestagswal genuch Stëmmen, fir ouni d’CDU/CSU virun ze maachen a steet elo un der Spëtzt vun enger neier Dräierregierung, déi sech als Klimaregierung a Kämpfer fir technologeschen a wirtschaftleche Fortschrëtt versteet. Den néngte Bundeskanzler an offiziellen Nofollger vum Angela Merkel ass also elo offiziell am Amt.

“Er ist gemäß Artikel 63 Abs. 2 des Grundgesetzes zum Bundeskanzler der Bundesrepublik Deutschland gewählt. Jetzt aber kommt die alles entscheidende Frage: Ich frage Sie, Herr Abgeordneter Scholz, nehmen Sie die Wahl an?” D’Äntwert war zwar lues, mee eendeiteg. Den Olaf Scholz gouf vum Bundespresident Frank-Walter Steinmeier am Schlass Bellevue zu Berlin zum Bundeskanzler ernannt.

Wéi et ausgesäit, wäert sech déi nei Regierung direkt a politesch Entscheedunge stierze mussen an huet guer net esou vill Zäit, fir sech anzeriichten. D’Coronakris, d’Diskussiounen em NordStream 2, d’kritesch Lag un de Baussegrenze vun der EU an notamment d’Klimakris fuerderen direkt Mesuren an Aktioune vun der neier däitscher Regierung. Mee fir d’éischt werfe mer nach eng Kéier en méi geneeë Bléck op de Mann un der Spëtzt vun der neier Regierung.

Den Olaf Scholz kënnt aus Niedersachsen an ass zu Hamburg grouss ginn, wou hien ugangs Innensenator a vun 2011 bis 2018 Buergermeeschter war; virdrun huet en sech schonn als SPD-Generalsekretär an 2007-2009 als Minister fir Aarbecht a Soziales bewisen. Mat just 17 Joer ass hien der SPD bäigetrueden an huet bei de JuSos, de Jungsozialisten, ugefaangen, wou en finalement sechs Joer laang Vize war. 2019 huet den Olaf Scholz fir de Parteivirsëtz vun der SPD kandidéiert, zesumme mam Klara Geywitz, déi elo den neie Ministère fir Bauen a Wunnen iwwerhëlt. Mee dat hat net geklappt, d’Saskia Esken an den Norbert Walter-Borjans hunn d’SPD iwwerholl. Bis si hien, de Bundesfinanzminister a Vizekanzler an der Grousser Koalitioun mat der CDU/CSU, schliisslech ugangs des Joers als Kanzlerkandidat virgeschloen hunn.

A senger Politik verzeechent den Olaf Scholz generell remarkabel Succèsen: Als Finanzminister huet hien Ufank 2020 den décke Corona-Hellefspak, deen hie eng „Bazooka“ nennt, op de Wee bruecht. An zu Hamburg war hien als Buergermeeschter duerchaus effikass.

Als Innensenator zu Hamburg war den Olaf Scholz an der Vergaangenheet awer och mat Kritik konfrontéiert, nodeems 2001 agefouert gouf, dass d’Police presuméiert Drogendealer Medikamenter gi kann, fir dass si zum Beispill ofgeschléckte Päck erbriechen, woubäi Mënsche gestuerwe waren. 2017 goufen him d’Eskalatioune vum G-20-Gipfel zu Hamburg reprochéiert. An net ze vergiessen ass d’Affär em d’Cum-Ex-Geschäfter.

D’Hamburger Finanzamt hätt vun der Hamburger Privatbank Warburg & Co 47 Mio. Euro zeréckfuerdere missen, déi des Bank duerch illegal Cum-Ex-Geschäfter erhalen hat – mee huet d’Fuerderung verjären gelooss. Den Olaf Scholz ass mat  an d’Kräizfeier geroden, well hien sech als Buergermeeschter mat engem vun de Proprietäre vun der Bank gesinn hat. Un den Hannergrond  konnt  hie sech anscheinend leider net méi genee erënneren. Dëst Joer huet d’Bank finalement hir 155 Mio. Euro Steierscholde bezuelt.

À voir, wei de véierte Sozialdemokrat un der Spëtzt vun der däitscher Regierung d’ganzt Land an déi nächst Joer féiere wäert – villäicht als Klimakanzler, wéi en sech am Walkampf ginn huete Mëttwoch verdeedegt. Just de neie Finanzminister muss sech nach bis en Donneschdeg gedëllegen. De leschte Finanzminister, den Olaf Scholz, war dofir nämlech e Mëttwoch vill ze beschäftegt.