Juristesch Néierlag fir de brittesche Prënz Andrew a senger Affär wéinst méiglechem Mëssbrauch vu Mannerjäregen.

Ee Geriicht zu New York huet seng Demande verworf, fir eng Zivil-Klo falen ze loossen.

D'Affekote vun der Queen hate gefuerdert, d'Zivil-Klo falen ze loossen, well d'Virginia Giuffre, déi uginn huet, 2001 am Alter vu 17 Joer vum Prënz Andrew e puer Mol sexuell mëssbraucht ginn ze sinn, 2008 en Deal mam Jeffrey Epstein gemaach hat.

Am Deal mam verurteelte Sexualverbriecher war festgehale ginn, datt d'Affer 500.000 Dollar kritt an dofir weder géint de Multimillionär Epstein nach géint aner potenziell Mattäter géing geklot ginn.

Déi haut 38 Joer al Giuffre behaapt, si wier vum Epstein un de Prënz Andrew "ausgeléint" ginn.

De Prënz weist all Virwërf zeréck.