Ongeimpft däerf een net méi an de Restaurant oder Café oder an d’Kulturhaiser. Och net méi wäit mam Zuch fueren oder fléien.

Bis ewell war dat nach mat engem negativen Test méiglech. Déi Verschäerfunge solle sou laang gëllen, wéi iwwer 10.000 Corona-Patienten a franséische Spideeler musse behandelt ginn. Aktuell sinn et der ronn 24.000. D’Assemblée nationale hat deem ganzen d’lescht Woch schonns zougestëmmt.

Weider a Frankräich wëll d’Léierpersonal um Donneschdeg massiv géint de Corona-Management an de Schoule protestéieren. D’Léierinnen a Schoulmeeschtere wären midd a verzweiwelt. D’Situatioun wär chaotesch an dat, wat decidéiert gëtt – ëmmer eppes aneres – géif net funktionéieren.

RTL