Fir eng Penthouse-Wunneng iwwert dem Central Park huet en US-Milliardär en uerdentleche Gewënn akasséiert.

Bal 190 Milliounen Dollar, ëmgerechent 165 Milliounen Euro, huet den neie Proprietär fir déi 900 Quadratmeter grouss Luxuswunneng um ieweschte Stack vun engem Héichhaus an der US-Metropol New York op den Dësch geluecht. Wéi de "Wall Street Journal" en Donneschdeg bericht, huet den US-Milliardär Daniel Och domat e grousse Gewënn gemaach.

Den Och hat d'Wunneng mat 4 Schlofkummeren 2019 fir 93 Milliounen Dollar kaf. Den "Journal" schätzt, dass d'Vente un den anonymme Keefer "eng vun den deiersten ass, déi jeemools zu New York ofgeschloss gouf". An deem selwechten Héichhaus op 220 Central Park South hat den US-Fongemanager Ken Griffin 2019 ronn 238 Milliounen Dollar fir seng Wunneng bezuelt.

D'Verméige vum 61 Joer ale Daniel Och gëtt vu "Forbes" op 4,1 Milliarden Dollar geschat. Den Och ass Grënner a fréiere Chef vum New Yorker Investmentfong "Och-Ziff Capital Management", deen antëscht "Sculptor" heescht. 2016 huet de Fong wéinst engem Korruptiounsnetzwierk an e puer afrikanesche Staate missen eng Geldstrof vun iwwer 400 Milliounen Dollar un d'US-Autoritéite bezuelen.

Den Daniel Och huet säin Haaptwunnsëtz aus steierleche Grënn a Florida verluecht, dës Luxuswunneng sollt en Niewewunnsëtz sinn. De Milliardär besëtzt awer nach ee weidert Penthouse am Weste vum Central Park. Déi Wunneng soll dem "Journal" no 57,5 Milliounen Dollar wäert sinn.