E puer Websäite vun der ukrainescher Regierung sinn an der Nuecht op e Freideg Zil vun enger massiver Cyberattack ginn. Och den Ausseministère ass betraff.

Eng Dosen offiziell Sitte vun der ukrainescher Regierung waren e Freideg de Moie fréi net méi accessibel. De Bildungs- a Fuerschungsministère zu Kiew huet op hirer Facebook-Säit matgedeelt, dass hir Internetsäit bis op Weideres komplett ofgeschalt ass. Um Site vum ukraineschen Ausseministère stoung um fréie Moien ze liesen: "Hutt Angscht a rechent mam Schlëmmsten" an ukrainescher, russescher a polnescher Sprooch.

Eng op Cyberattacke spezialiséiert Unitéit bei der Police huet d'Ermëttlunge lancéiert. D'Ukrain huet Russland fir d'Attack verantwortlech gemaach. Wéi de Ministère fir Kultur an Informatiounspolitik matgedeelt huet, wieren d'Attacken "éischten Informatiounen no" aus Russland komm. Esou hätt et a russesche Medie schonn éischt Indicen op d'Attacke ginn, nach éier d'Ukrain attackéiert gi wier. D'Experte vum Ministère géingen dovun ausgoen, datt d'Attacke mat enger "rezenter Néierlag vu Russland bei de Gespréicher fir eng zukünfteg Zesummenaarbecht vun der Ukrain mat der Nato" am Zesummenhang stéingen.

D'Europäesch Unioun huet Hëllef ugebueden. D'EU géing all hir Ressourcë mobiliséieren, fir der Ukrain ze hëllefen, sou den EU-Chefdiplomat Joseph Borrell. Ob Russland tatsächlech dohannert stécht, kéint een net beweisen, sou de Borrell, et wier awer denkbar.