Net wäit haten d'Beamte vun der Police ze goen, fir enger Persoun hei vir a Rheinland-Pfalz de Permis ofzehuelen.

De Mann hat nämlech a sengem Auto geschlof, dat virun engem Policebüro. De Problem bei der ganzer Saach war, datt de Motor gelaf ass an d'Persoun méi dacks widder d'Tut vu sengem Gefier koum. Wéi d'Polizisten hie kontrolléiert hunn, huet sech erausgestallt, datt de Mann ronn 1,72 Promill hat. Eng Bluttprouf gouf ordonéiert an eng Plainte gouf gemaach.