An der Hafestad La Spezia hunn Ermëttler Drogen am Wäert vu ronn 100 Milliounen Euro fonnt.

An engem Container louchen 12 Päck Kokain tëscht alem Pabeier. Et gëtt geschat, datt d'Drogen e Maartwäert vun 100 Milliounen Euro hunn.

Weider heescht et vun der italienescher Police, datt de Container aus der Dominikanescher Republik komm ass a weider Richtung Valencia sollt verschëfft ginn.