Dramatesch Zeen e Freideg den Owend géint 19.45 Auer op der Metro-Station "Rogier" zu Bréissel. E Mann huet eng Fra virun e Metro gestouss.

Wéi um Iwwerwaachungsvideo ze gesinn ass, huet e jonke Mann kuerz éier den Tram beim Quai bäigefuer ass, eng Fra an de Réck gestouss, esou dass déi op d'Schinne gefall ass. De Chauffer vun der Metro konnt nach inextremis bremsen, esou dass en d'Fra net ze pake krut.

Den Täter ass no der Dot fortgelaf.

Aner Leit, déi op de Metro gewaart haten, hunn der Fra gehollef nees vun de Schinnen erofzekommen. Souwuel d'Fra, wéi och de Chauffer vun der Metro stoungen ënner Schock. Ob d'Fra bei der Chute weider blesséiert gouf, ass aktuell net gewosst.

De Parquet vu Bréissel huet eng Enquête ordonéiert.