De Boris Johnson huet sech am Kader vun der Partygate-Affär misse bei der Queen entschëllegen. Ëmmer méi Leit froe säi Récktrëtt.

Iwwerdeems déi meescht Britte wärend dem Lockdown doheem waren, sollen d'Mataarbechter vum Boris Johnson gefeiert hunn. Och de brittesche Premier soll bei den "Wine-time Fridays" e puer Mol matgefeiert hunn. Dat mellt déi brittesch Zeitung "The Mirror".

Wéinst den neie Virwërf steet de Boris Johnson elo nach méi ënner Drock. Et wier am "nationalem Interêt", dass de Boris Johnson demissionéiert. Dat sot de britteschen Oppositiounschef Keir Starmer am Kader vun de Lockdown-Partyen, déi am Amtssëtz vum Premier organiséiert goufen. Weider huet hien ënnerstrach, datt den Johnson net méi kapabel wier ze regéieren.

Lockdown-Party een Dag virum Begriefnes vum Prënz Philip

10 Downing Street huet elo missen zouginn, datt owes virum Begriefnes vum Prënz Philip, deen dat lescht Fréijoer gestuerwen ass, och eng Lockdown-Party am Amtssëtz vum Boris Johnson organiséiert gouf.

De schwéier ugeschloene Premier huet sech elo misse bei der Queen entschëllegen. D'Entschëllegung ass iwwer déi offiziell Kanäl via Telefon iwwermëttelt ginn, ass awer net vum konservative Politiker perséinlech komm. Antëscht fuerdert net nëmmen d'Oppositioun, mä och Leit aus den eegene Reien, datt de Boris Johnson als Premier zrécktrëtt.